Melusina di Lex Roth edito da Editions Guy Binsfeld

Melusina

EAN:

9782879542782

ISBN:

2879542782

Pagine:
40
Formato:
Hardback
Lingua:
Francese
Acquistabile con la

Descrizione Melusina

Viru méi ewéi dausend Joer ass e flotte jonke Grof ënne bei der Uelzecht laanscht de Bësch geridden. Do war et deemools - am Joer 963 - scho grad esou däischter an onheemlech ewéi haut matzen am Gréngewald. Uewen am Clausener Bierg koum en op eng Plaz, fir déi mir och nach haut "de Bock" soen ... Dem jonke Grof hunn awer nun emol leider déi néideg finanziell Mëttel gefeelt, fir op dësem Bierg eng Buerg ze bauen. A senger Verzweiwelung huet en dem Däiwel dofir seng Séil verkaaft an huet e Pakt mat him ofgeschloss. Enges Daags ass hien der wonnerschéiner Melusina begéint an huet sech onstierflech a si verléift, ouni ze wëssen, dass si en däischtert Geheimnis hätt. D'Melusina war nämlech eng Mierjongfra! Déi zwee si bestuet ginn, mä d'Schicksal sollt et net gutt mat hinne mengen, an och dem Sigfrid säi Vuerwëtz stierzt d'Kopel zum Schluss an d'Ongléck. Am Cader vum 1050. Gebuertsdag vun der Stad Lëtzebuerg erzielt de Lex Roth d'Seeche vun der Melusina nei. Déi modern a lieweg Illustratioune vum Marina Herber, enger talentéierter Nowuesskënschtlerin, riichte sech och un e jonke Publique. D'Zeechnungen am Manga-Stil réckelen déi klassesch Legend an e neit Liicht.

Fuori catalogo - Non ordinabile
€ 17.80

Recensioni degli utenti

e condividi la tua opinione con gli altri utenti